Actualité

UPDATE du 5 mai - aides pour entreprises / Hëllef fir Betriber

    Stand 5. Mee

    Am Kontext vun der COVID-19 Pandemie fannt Dir hei déi aktualiséiert Versioun vun den Hëllefsmoossnamen fir kleng a mëttel Betriber (LB, FR, DE, EN).


     

    Am Kontext vun der COVID-19 Pandemie fannt Dir hei déi aktualiséiert Versioun vun den Hëllefsmoossname fir kleng a mëttel Betriber an Independants (LB, FR, DE, EN).

    Néi ass een zousätzlechen "Fonds d'urgence" fir Independants (Nummer 6 am Dokument am Anhang).

     

    Wichteg Prezisiounen zu dëser Hëllef : 

    • De Montant vun dëser Finanzieller Hëllef variéiert tëschent 3.000 EUR, 3.500 EUR oder 4.000 EUR, well en vum abezuelte Montant bei der Sozialversécherung (CCSS) ofhänkt.
    • Et ass een automatesch als „Independant“ bei der Sozialversécherung ugemellt, wann een méi wéi 25% vun de Parts Sociales vun sengem Betrib huet. 
    • Dëst Hëllef ass net exklusiv fir  déi, déi eng Autorisatioun d‘Etablissement hunn, och aner Beruffer (z.B.: Agents d‘Assurance, Ingenieurs, Affekoten etc.) sinn eligibel.
    • D’Hëllef ka mat aner Hëllefe cumuléiert ginn.
    • D‘Unzuel vun de Salariés gëtt net gekuckt.
    • Am ganze sinn 2 Beleg fir d'Demande néideg : een Certificat de Revenu vun 2019 (CCSS) an ee RIB (Relevé d'identité bancaire) vum Konto vum Independant (opgepasst: net vum Konto vum Betrib!).
    • De Formulaire ass ab en Mëttwoch, den 13. Mee online disponibel.

     

    Méi Informatiounen an alleguer d‘Konditioune fannt Dir am Dokument an der Annexe.

     

    Ab e Méindeg den 11. Mee, kënnen och Commerçante esou wéi Coiffeuren, Estheticiennen (op Rendez-vous) nees op hunn. Et gi keng legal Virschrëften, ausser dat eng Mask obligatoresch ass wann d'Distanz vun 2m net agehale ka ginn. Hei awer den Appell un d'Commerçante all zousätzlech Moossnam ze huelen, fir de Schutz vu Salariés a Clients ze assuréieren. 

     

    Fir sämtlech Réckfroe steet den Natur- & Geopark Mëllerdall zur Verfügung.

    Information Hëllefsmoossnamen fir Betriber Corona Virus_20200508.pdf

     

    Natur- & Geopark Mëllerdall

    8, rue de l’Auberge

    L-6315 Beaufort

     

    +352/26 87 82 91-34

    www.naturpark-mellerdall.lu

     

    Aides pour entreprises

     

     

     

    =====================================================


    Chambre de commerce et House of Entrepreneurship.png 

    2. La Chambre de Commerce et The House of Entrepreneurship

    - communiquent les informations suivantes qui sont sensées donner un apperçu plus structuré des mesures d''aides offertes.

    Pour toutes questions, appelez la ligne d'assistance téléphonique pour tous les entrepreneurs: 42 39 39 445 ou consultez le site de la Chambre de commerce covid19@houseofentrepreneurship.

     

    - kommunizéieren dës Informatiounen, déi  den Entrepreneure hëllefe sollen,  eng besser Iwwersiicht iwwert déi verschidden Hëllefs-Mesuren ze kréien.

    Fir weider Froen get et eng Helpline fir all d'Entrepreneuren: 42 39 39 445 an de Site Web vu der Chambre de commerce covid19@houseofentrepreneurship.lu

     

    Silicon_CC_Coronavirus FR_n1.pdf

    1. _covid19_8.04_FR (1).pdf

    2. _covid19_8.04_DE.pdf

    3. _covid19_8.04_PT.pdf

    4. _covid19_8.04_EN.pdf