Interkommunale Syndicat fir Krankefleeg
& Hëllef Doheem fir jiddereen
5, place de la Gare L-7616 Larochette
tél. 83 76 31-1 fax 87 81 91
| Cabinet de Soins: an der Fiels, 5, place de la Gare | ||
Bluttanalysen vu Méindes bis Freides moies tëschend 7 an 11 Auer |
Sprëtzen a Verbänn op Rendez-vous |
Eise Büro as besaat vu Méindes bis Freides tëëschend 7.30 an 16.30 Auer |
De Gemengesyndicat fir Krankefleeg as den 1. Mee 1987 vu folgende 7 Gemengen gegrënnt gin: Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Iermsdref, Miedernach, Noumer a Waldbëlleg.
Am Kader vun der Fleegeversecherung schaffe mir vum 1. Januar 1999 un mat den Aide-soignanten an den Aide-socio-familialen vun "Hëllef Doheem" zesummen.
Zesummen hu mir eis als Zil gesat, jidderengem dee Fleeg oder Hëllef brauch, egal op jonk oder al, eng professionel Hëllef unzebidden.
Eis Infirmièren stinn Iech zu Verfügung fir:
- Sprëtzen
- Bluttanalysen
- Perfusiounen
- Verbänn
- Asetze vu Sonden
- Bluttdrockmiessung
- Kontroll vum Bluttzocker
- Kierperfleeg bei ganz schwéier Kranken
Zesumme mat den Aide-soignanten an den Aide-socio-familialen vun "Hëllef Doheem" kënne mir Iech ënner anerem och Hëllef ubidden bei:
- Kierperfleeg
- Un- an Ausdoen
- Opstoen a Goen
- Iessen an Drénken
- Garde bei Kranken an eeleren Leit
- Aarbechten am Stot
- Kommissiounen
D'Betreiung vun enger eelerer Persoun oder d'Fleeg vun engem kranke Mënsch doheem, as mat vill Zäit, Aarbecht, Organisatioun an och Emotiounen a Gedold verbonnen.
Natiirlech sti mir Iech och do mat Rot, Dod, praktescher Hëllef an eiser Erfahrung gâr zur Säit.
Mir ënnerstëtzen, beroden a begleeden Iech gär. Deswiedern kënnen mir Iech och folgend Servicer vermëtteln:
- Téléalarm
- Iessen op Rieder
- Dagesfoyer
- Material fir d'Fleeg vun enger kranker oder eelerer Persoun (Krankebett, Biddelift, Rollstull, Gehbock, asw.)
Le contenu de cette page peut ne pas être à jour.
Pour proposer un ajout ou une modification, envoyer un [mail].

