|
Wou
d'Uelzécht durech
d'Wisen zéit, Duurch
d'Fielsen
d'Sauer brécht, Wou
d'Rief laanscht
d'Musel dofteg
bléit, Den
Himmel Wäin
ons mécht: Dat
as onst Land,
fir dat mer géif Heinidden
alles won, Ons
Hemechtsland
dat mir so déif An
onsen Hierzer
dron. Ons
Hemechtsland
dat mir so déif An
onsen Hierzer
dron.
An
sengem donkle Bëscherkranz, Vum
Fridde stëll
bewaacht, Sou
ouni Pronk an
deire Glanz Gemittlech
léif et laacht; Säi
Vollek frou
sech soë kann, An
't si keng
eidel Dreem: Wéi
wunnt et sech
sou heemlech
dran, Wéi
as 't sou gutt
doheem!
|
Gesank,
Gesank vu Bierg
an Dall Der
Äärd, déi
äis gedron; D'Léift
huet en treie
Widderhall A
jidder Broscht
gedon; Fir,
d'Hemecht ass
keng Weis ze
schéin; All
Wuert, dat vun
er klénkt, Gräift
äis an d' Séil
wéi Himmelstéin An
d'A wéi Feier
blénkt.
O
Du do uewen, deem
séng Hand Duurch
d'Welt d'Natioune
leet, Behitt
du d'Lëtzebuerger
Land Vum
frieme Joch a Leed; Du
hues ons all
als Kanner
schon De
fräie Geescht
jo ginn, Looss
viru blénken
d'Fräiheetssonn, Déi
mir so laang
gesinn! Looss
viru blénken
d'Fräiheetssonn, Déi
mir so laang
gesinn!
|